De Verkaf vum Diesel ass 2023 fir dat véiert Joer hannereneen zréckgaangen a louch 6 Prozent ënner dem Niveau vun 2022. Am selwechte Moment ass de Bensinnsverkaf ëm méi wéi 12 Prozent geklommen. Laut dem Groupement fir d’Mobilitéitsenergie ass de Réckgang virun allem dorop zeréckzeféieren, datt manner Camionen zu Lëtzebuerg tanken. Op den Autobunnstankstellen ass de Verkaf vun Diesel un de Schwéiertransport zanter 2018 ëm 60 Prozent gefall.
De Secteur weist gläichzäiteg op eng Reduktioun vun den Emissiounen ëm 40 Prozent am Verglach zu 2005 hin an gesäit sech domat um Wee fir d’Klimaziler bis 2030 z’erreechen. Vertrieder vun der Branche betounen awer, datt en Deel vun den Emissiounen an aner Länner verluecht gëtt, well vill Camionen do tanken.
D’Entwécklung vun der Elektromobilitéit bleift méi moderat. Als Facteure ginn ënner anerem reduzéiert Subventiounen, manner attraktiv Konditioune fir professionelle Leasing an eng nach net genuch ausgebaut Opluedinfrastruktur genannt.
Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 231 Tankstellen. Och wann hir Zuel an Zukunft kéint erofgoen, hunn vill Betriber hir Aktivitéiten diversifizéiert, notamment duerch Geschäfter an Investitiounen an alternativ Energien. D’Branche geet dovun aus, datt Diesel, Bensinn an aner Energieträger nach laang um Maart verfügbar bleiwen.
Auteurs: Funny Kinsch, Ryck Thill
Source: www.rtl.lu publié le 30.09.2024